D'Expo zum Centenaire an der Belle EtoileWie "Centenaire" seet, deen denkt natierlech un eng Ausstellung mat ville Fotoen, Biller an Impressiounen, déi de Scoutissem am leschte Jorhonnert geprägt hunn.
WANTED------OPRUFF-----APPEL------WICHTEG------APPELEXPO Belle-Etoile: 100 Joer an nach ëmmer fit… PIMP my expo! 2007 ass net nëmme feieren, e Buch, e Film, e Weekend an e Modellcamp an der Péitruss, mä 2007 wëlle mer och no bausse weisen, wéi eis 3 Guiden-/ Scoutsmouvemter schaffen. D’Geleeënheet bidd sech duerfir während enger Guiden/Scouts-Expo zu Bartreng an der Belle-Etoile, wou mer tëschent dem 10. an dem 21. Abrëll 2007 present sinn. Mä et ginn nach eng Hällewull vu Guiden-/Scouts-Artikele vu fréier an haut gebraucht, fir d’Expo ze „pimpen". Duerfier siche mer all méiglecht Material aus de leschten 100 Joer, dat eppes mat Guiden oder Scouten ze dinn huet, sou wéi z.B. Uniformsdeeler, Badger, Foularden, Camp-Equipement, Fotoen, Gamellen, Kniet, Scouts/Guide-Lidder a Methodebicher….asw Mir wiere frou wann dir dës Sachen an de Keller oder op de Späicher kéint zréck siche goen, fir iech da beim Christiane Majerus um Telefon 2362 1046 oder op
This email address is being protected from spam bots, you need Javascript enabled to view it
ze mellen.
|